Diplomiwwerreechung am INLL: d'Laureate vun der 15. Promotioun vun der Formatioun "Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren" kruten hiren Diplom iwwerreecht

Vu Februar 2023 bis Februar 2024 huet den Institut national des langues Luxembourg (INLL), d'Formatioun "Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren" (ZLLL) organiséiert.

©INLL Photo de groupe

D'Schwéierpunkte vun der Formatioun sinn, de Besoinen, den Ziler an de Léierprozesser vun Erwuessenen, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, gerecht ze ginn an de spéidere Formateuren déi néideg theoretesch, praktesch, fachlech a methodesch-didaktesch Hannergrënn ze vermëttelen.

D'Formatioun vun am ganzen 120 Stonne, déi am "blended learning" Format ugebuede gëtt (50% Presenzunterrecht & 50% autonomt Schaffen), geet iwwert 2 Semesteren an ass an 3 Modullen opgedeelt: Didaktik (60 Stonnen); Literatur a Kultur (30 Stonnen); Linguistik (30 Stonnen).

D'Kandidate kréien och iwwert de Wee vun engem zousätzleche Stage (6 Stonnen) e praktesche Bezuch zum Enseignement vum "Lëtzebuergesch als Friemsprooch".

D'Absolvente vum ZLLL kréien duerch dësen Zertifikat en Agreement, fir Lëtzebuergeschcoursen an de Gemengen an am konventionéierte Secteur ze halen, woumat si als wichteg Multiplicateure vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur hiert Wëssen weider kënne ginn.

17 Kandidaten hunn am Februar 2024 d'Formatioun "Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren" (ZLLL) am Institut national des langues Luxembourg mat Succès ofgeschloss a sinn elo offiziell habilitéiert, Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener ze ginn.

A Präsenz vum Pierre Reding, Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, vum Christian Buchler, Direkter vum Service de la formation des adultes (SFA), an de Formateure krute si an enger Zeremonie am INLL vum Maisy Gorza, Direktesch vum INLL, a vum Luc Schmitz, Sous-Direkter vum INLL, hiren Diplom iwwerreecht.

Weider Informatiounen op: www.zlll.inll.lu.

Communiqué vum Institut national des langues Luxembourg (INLL) 

Aktualiséiert