Diplomiwwerreechung am INLL: d'Laureaten vun der der Formatioun "Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren (ZLLL)" kruten hiren Diplom iwwerreecht

2022/2023 huet den Institut national des langues Luxembourg (INLL), d'Formatioun „Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren (ZLLL)“ organiséiert (virdrun ZLSK).

©INLL Diplomiwwerreechung am INLL
Diplomiwwerreechung am INLL

D'Schwéierpunkte vun der Formatioun sinn, de Besoinen, den Ziler an de Léierprozesser vun Erwuessenen, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, gerecht ze ginn an de spéidere Formateuren déi néideg theoretesch, praktesch, fachlech a methodesch-didaktesch Hannergrënn ze vermëttelen.

D'Formatioun vun am ganzen 120 Stonne geet iwwert 2 Semesteren an ass an 3 Modullen opgedeelt:

  • Didaktik (60 Stonnen);
  • Literatur a Kultur (30 Stonnen);
  • Linguistik (30 Stonnen).

Nei dëst Joer war, dass den ZLLL am sougenannte „blended learning“ Format ugebuede gouf. 50 % vun de Coursë goufen a Form vu Presenzunterrecht ofgehalen, déi aner 50 % a Form vun autonomen Aufgaben déi online ze fanne waren.

D'Kandidate kruten och iwwert de Wee vun engem zousätzleche Stage (6 Stonnen) e praktesche Bezuch zum Enseignement vum „Lëtzebuergesch als Friemsprooch“.

D'Absolvente vum ZLLL kréien duerch dësen Zertifikat en Agreement, fir Lëtzebuergeschcoursen an de Gemengen an am konventionéierte Secteur ze halen, woumat si als wichteg Multiplicateure vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur hiert Wëssen weider kënne ginn.

24 Kandidaten hunn 2022/2023 d'Formatioun „Zertifikat Lëtzebuergesch Léiere Léieren (ZLLL)“ am Institut national des langues Luxembourg mat Succès ofgeschloss a sinn elo offiziell habilitéiert, Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener ze ginn.

A Präsenz vun de Formateure krute si an enger Zeremonie am INLL vum Maisy Gorza, Direktesch vum INLL a vum Luc Schmitz, Sous-Direkter vum INLL, hiren Diplom iwwerreecht.

Weider Informatiounen op: zlll.inll.lu 

Communiqué par l'Institut national des langues Luxembourg (INLL)

Aktualiséiert