Diplomiwwerreechung am INL: d'Laureaten vun der eelefter Promotioun vun der Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" kruten hiren Diplom iwwerreecht

2019/2020 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi eelefte Kéier d'Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) organiséiert. Dës Formatioun gouf duerch d'Gesetz vum 22. Mee 2009 vum INL geschaaft an huet de Formatioune fir Enseignanten am Lëtzebuergeschen eng legal Basis an en offiziellen Diplom ginn.

©INL
Diplomiwwerreechung am INL: d'Laureaten vun der eelefter Promotioun vun der Formatioun „Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ kruten hiren Diplom iwwerreecht

D'Schwéierpunkte vun der Formatioun sinn, de Besoinen, den Ziler an de Léierprozesser vun Erwuessenen, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, gerecht ze ginn an de spéidere Formateuren déi néideg theoretesch, praktesch, fachlech a methodesch-didaktesch Hannergrënn ze vermëttelen.

D'Formatioun vun am ganzen 120 Stonne geet iwwert 2 Semesteren an ass an 3 Modullen opgedeelt:

  • Didaktik (60 Stonnen);
  • Literatur a Kultur (30 Stonnen);
  • Linguistik (30 Stonnen).

D'Kandidate kréien och iwwert de Wee vun engem zousätzleche Stage (6 Stonnen) e praktesche Bezuch zum Enseignement vum "Lëtzebuergesch als Friemsprooch".

D'Absolvente vum ZLSK kréien duerch dësen Zertifikat en Agreement, fir Lëtzebuergeschcoursen an de Gemengen an am konventionéierte Secteur ze halen, woumat si als wichteg Multiplicateure vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur hiert Wëssen weider kënne ginn.

23 Kandidaten hunn 2019/2020 d'Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) am Institut national des langues mat Succès ofgeschloss a sinn elo offiziell habilitéiert, Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener ze ginn.

A Präsenz vun de Formateuren kruten si an enger Zeremonie am INL vum vum Marc Barthelemy, Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, vum Eric Goerens, Direkter vum Service de la formation des adultes, a vum Maisy Gorza, Directrice adjointe vum INL, hiren Diplom iwwerreecht.

D'Aschreiwunge fir déi zwieleft Editioun vun der Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur” (ZLSK) sinn nach bis den 31. Juli 2020 méiglech: www.inll.lu / Rubrik "ZLSK”.

 

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a vum Nationale Sproocheninstitut

Aktualiséiert