Literaresch Table ronde am Institut national des langues

Den Institut national des langues (INL) organiséiert den 23. Oktober 2019 um 19 Auer a senge Raimlechkeeten (21, bd de la Foire; L-1528 Luxembourg) am Kader vu sengem 10. Anniversaire eng literaresch Table ronde mat 4 Gewënner vum Servais-Präis:

  • Roland Harsch (2001: Laub und Nadel)
  • Nico Helminger (2014: Abrasch / 2018: Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge)
  • Roland Meyer (2015: Roughmix)
  • Jean Portante (1994: Mrs Haroy ou la mémoire de la baleine / 2016: L‘architecture des temps instables)

Déi 4 Auteure presentéieren eng perséinlech Auswiel vun Extraiten aus hiren Texter, diskutéieren awer och allgemeng iwwer hiert Schreiwen an de kulturelle Kontext zu Lëtzebuerg.

Moderéiert gëtt dës literaresch Table ronde vum Jeff Baden, Enseignant am INL.

Den Entrée ass fräi.

Parking: Glacis
Arrêt Tram: Faiëncerie

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an dem Nationale Sproocheninstitut (INL)

Aktualiséiert