Diplomiwwerreechung am INL

D'Laureaten vun der néngter Promotioun vun der Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ kruten hiren Diplom iwwerreecht

 

2017/2018 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi néngte Kéier d’Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) organiséiert.

  1. ©INL

    Gruppenfoto
  2. ©INL

    Iwwerreechung vun den Diplomer

Dës Formatioun gouf duerch d'Gesetz vum 22. Mee 2009 vum INL geschaaft an huet de Formatioune fir Enseignanten am Lëtzebuergeschen eng legal Basis an en offiziellen Diplom ginn.

D‘Schwéierpunkte vun der Formatioun sinn, de Besoinen, den Ziler an de Léierprozesser vun Erwuessenen, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, gerecht ze ginn an de spéidere Formateuren déi néideg theoretesch, praktesch, fachlech a methodesch-didaktesch Hannergrënn ze vermëttelen.

D‘Formatioun vun am ganzen 120 Stonne geet iwwert 2 Semesteren an ass an 3 Modullen opgedeelt:

  • Literatur a Kultur (30 Stonnen);
  • Didaktik (60 Stonnen);
  • Linguistik (30 Stonnen).

D’Kandidate kréien och iwwert de Wee vun engem zousätzleche Stage (6 Stonnen) e praktesche Bezuch zum Enseignement vum "Lëtzebuergesch als Friemsprooch".

D’Absolvente vum ZLSK kréien duerch dësen Zertifikat en Agreement, fir Lëtzebuergeschcoursen an de Gemengen an am konventionéierte Secteur ze halen, woumat si als wichteg Multiplicateure vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur hiert Wëssen un Net-Lëtzebuerger weider kënne ginn.

9 Kandidaten hunn 2017/2018 d’Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) am Institut national des langues mat Succès ofgeschloss a sinn elo offiziell habilitéiert, Lëtzebuergeschcoursë fir Erwuessener ze ginn.

Si kruten an enger Zeremonie am INL vum Marc Barthelemy, Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, vum Eric Goerens, Direkter vum Service de la formation des adultes a vum Karin Pundel, Directrice vum INL, a Präsenz vun de Formateuren, hiren Diplom iwwerreecht.

Communiqué vum Ministère fir Éducatioun, Kanner a Jugend 

Aktualiséiert