Lëtzebuergesch Orthographie

Den INL bitt am Wantersemester 2017/2018 nees Orthographiescoursen am INL um Kierchbierg un.

De Cours fënnt vum 3. Oktober bis den 28. November 2017, ëmmer dënschdes vun 19:00 bis 20:40 statt. De Präis fir sech anzeschreiwen ass 100€.

No engem klengen Abléck an d’Entwécklung vun der lëtzebuergescher Orthographie, ginn d’Reegele vun der aktueller Schreifweis duerchgeholl.

De Cours riicht sech u Mammesproochler an u Leit, déi op d’mannst en Niveau B2 am Lëtzebuergeschen hunn.

Aschreiwung a méi genee Informatiounen: www.inll.lu.

Communiqué par l'Institut national des langues (INL) 

Aktualiséiert