Lëtzebuergesch Coursen am "Institut national des langues"

Nieft der Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK), déi den "Institut national des langues" zënter e puer Joer ubitt an déi sech besonnesch u spéider Lëtzebuergesch-Enseignanten an de Gemengen an am conventionéierte Secteur riicht, ginn am Wantersemester 2012/13 folgend Spezial-Coursen offréiert fir Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger vum Niveau C1 un:

  • "Lëtzebuerger Orthographie";
  • "Lëtzebuerger Gesellschaft a Kultur";
  • "Lëtzebuergesch – Geschicht, Grammatik, Phonologie an Idiomatik".

D’Zil vun dëse Coursen ass et, engem breede Public d’Grondlage vun der Lëtzebuerger Sprooch, Gesellschaft a Kultur ënner verschiddene Facettë méi no ze bréngen.

Den Interessi um Lëtzebuergeschen (iwwregens och als geschriwwe Sprooch) huet an de leschte Jore staark zougeholl, wat ë. a. och déi sëlleche Sprooch-Coursen am INL all Joer op en Neits beleeën. Donieft weist sech awer och, datt ëmmer méi Leit, souwuel Lëtzebuerger wéi Net-Lëtzebuerger méi wëlle gewuer ginn, iwwert d’Gesellschaft, d’Kultur, d’Geschicht, d’Literatur vum Grand-Duché. Fir där Demande nozekommen, bitt den INL vum WS 2012/13 geziilt dës Coursen un, wou et eben net méi primär ëm Sproochvermëttlung geet.

D’Objektiver vun dëse Coursë leien op e puer Niveauen: engersäits soll Basiswësse vermëttelt an zesummen erschafft ginn, anerersäits kënne sech Lëtzebuerger Apprenantë méi intensiv mat hirer eegener Sprooch, Literatur, Geschicht a Kultur ausernanersetze a sech méiglecherweis dëse ganz spezifesch Lëtzebuerger Aspekter am Kontext vun enger multikultureller a multilingualer Gesellschaft och nach méi bewosst ginn. Awer och Net-Lëtzebuerger kréien esou d’Méiglechkeet, zesumme mat hire Lëtzebuerger Matbierger de Grand-Duché vläicht emol vun enger ganz anerer Säit kennenzeléieren, wat sécherlech och e béidsäitege perséinleche Gewënn dierft sinn, am Sënn vun enger nach méi staarker kultureller Integratioun an déi Lëtzebuerger Gesellschaft, engem bessere géigesäitege Versteesdemech an enger méi staarker sozialer Cohesioun duerch d’Valorisatioun vum kulturelle Räichtum vum Grand-Duché a senger Diversitéit.

Communiqué par le ministère de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle / Institut national des langues

Dernière mise à jour