Projektioun vu "Capitani" am INL

Am Festsall vum Institut national des langues (INL) gouf den éischten Episod vun der 2. Staffel Capitani ënnert den Ae vum Kreateur vun der Serie gewisen.

©INL (hannen, v. l. n. r.) Maisy Gorza, Direktesch vum Nationale Sproocheninstitut (INL); Thierry Faber, Co-Autor, Designer vun der Capitani-Serie
(hannen, v. l. n. r.) Maisy Gorza, Direktesch vum Nationale Sproocheninstitut (INL); Thierry Faber, Co-Autor, Designer vun der Capitani-Serie

De 7. Juni 2022 haten d'Apprenanten an d'Enseignantë vum Institut national des langues d'Chance, am Festsall vum INL um Glacis un enger Projektioun vun der lëtzebuergescher Krimiserie Capitani deelzehuelen. Nodeems den éischten Episod vun der 2. Staffel gewise gi war, huet d'Direktesch Maisy Gorza eng kleng Froeronn mam Kreateur vun der Serie, dem Thierry Faber, animéiert.

Communiqué par le ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse et l'Institut national des langues (INL)

Aktualiséiert