Diplomiwwerreechung am Institut national des langues

D'Laureaten vun der aachter Promotioun vun der Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur“ kruten hiren Diplom iwwerreecht

©INL Gruppefoto
Gruppefoto
Karin Pundel, Direktesch vum Nationale Sproocheninstitut (INL), mat de Laureaten

2016/2017 huet den Institut national des langues (INL) scho fir déi aachte Kéier d’Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) organiséiert. Dës Formatioun gouf duerch d'Gesetz vum 22. Mee 2009 vum INL geschaaft an huet de Formatioune fir Enseignanten am Lëtzebuergeschen eng legal Basis an en offiziellen Diplom ginn.

D’Absolvente vum ZLSK kréien duerch dësen Zertifikat en Agreement, fir Lëtzebuergesch-Coursen an de Gemengen an am konventionéierte Secteur ze halen, woumat si als wichteg Multiplicateure vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur hiert Wëssen un Net-Lëtzebuerger weider kënne ginn.

14 Kandidaten hunn 2016/2017 d’Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) am Institut national des langues mat Succès ofgeschloss a sinn elo offiziell habilitéiert, Lëtzebuergesch-Coursë fir Erwuessener ze ginn. Si kruten an enger Zeremonie am INL vum Eric Goerens (Direkter vum Service de la formation des adultes a President vum comité consultatif vum INL) a vum Karin Pundel (Directrice vum INL), a Präsenz vun de Formateuren, hiren Diplom iwwerreecht.

D'Laureate vun der aachter Promotioun vum ZLSK sinn: Achten Guy, Bracke Peter, Folmer Catherine, Gonçalves de Almeida Santina, Grün Nadine, Gunn-Folmer Florence, Hierzig-Martin Jeanny, Klein Nadine, Lemmer Michèle, Lies Peggy, Miss Isabelle, Roeben Elfi, Taouil Nadia, Welter Denis.

Communiqué par le ministère de l'Éducation, de l'Enfance et de la Jeunesse/ Institut national des langues

Aktualiséiert